MEGAFUESEND
ZU DÉIFFERDENG

Mini Clochard's-Bal

Dëst Joer ass och schonn déi 12. Editioun vum Mini-Clochardsbal. Fir 5€ kënne Grouss a Kleng sech vu 15 bis 18 Auer, wéi ëmmer, formidabel ameséieren. Hei suergen den DJ Hofmeister an d’Animateure vum Jugendtreff fir Amusement an Animatioun.

Praktesch Informatiounen

D’Fuesbaler sinn am Hall O, hannert dem Centre sportif Uewerkuer (avenue du Parc des Sports, L-4671 Oberkorn). Nieft dem Hall O ass e grousse Parking (beim Aquasud) an d’Gare vun Uewerkuer ass op 300 m. Den Diffbus fiert bis 3:30 Auer an der Nuecht.

Entréespräis fir de Mini-Clochardsbal: 5 €