2013

Tombola Megafuesend 2013

N° d’ordre Numéro gagnant
1 117 2 Fligerticket’en A/R München
2 1410 Akafsbong fir 100,–
3 567 Akafsbong fir 75,–
4 17 Akafsbong fir 50,–
5 341 Akafsbong fir 25,–
6 750 Akafsbong fir 25,–
7 999 Akafsbong fir 25,–
8 1021 Akafsbong fir 25,–
9 488 Akafsbong fir 25,–
10 202 Akafsbong fir 25,–

D’Gewënner sinn ofzehuelen am Service Culturel vun der Stad Déifferdeng
5, rue du Parc Gerlache, L-4574 Differdange, Tél. 58 77 11-900

> RTL-Déckkäpp, 7.2.2013 <

 

Megafuesend zu Déifferdeng

8. / 9. / 10. Februar 2013

D’Stad Déifferdeng, an Zesummenaarbecht mat sengem Comité des Fêtes a véier lokale Veräiner, organiséiert déi 6. Editioun vum Fuesweekend «MEGAFUESEND zu Déifferdeng» dat vu Freides, 8. Februar bis Sonndes den 10. Februar 2013 am Zentrum vun Déifferdeng.

Fuesparty, Freides den 8. Februar 2013

Fuesfreideg, den 8. Februar geet et lass mat der HAPPENING OLDIE „FUES“-PARTY am grousse Festzelt op der Moartplaz zu Déifferdeng. Déi bekannten DJ’en SERGE a PAOLO lëeen hier beschte Plakken op a suerge fir top Oldie-Fuesstëmmung.

Derniewt ass deen Owend den Optrëtt vun Duo HOFFI & ZAMBEZI, bekannt duerch den Après-Ski Hit „Schatzi schenk mir eng Foto“.

 

Clochard’s-Bal, Samschdes den 9. Februar 2013

Fuessamschdeg feiere mer op en Neits dee grousse CLOCHARD’S-BAL am Déifferdenger Zentrum, mëttlerweil ee vun deen beléifsten a gréisste Fuesbaler am Süde vu Lëtzebuerg.

Et spillt dee professionnelle, 15 Musiker staarke GINTA FIESTA ORCHESTA

Eng Auswiel vun deene beschte letzebuerger Museker ënnert der Leedung vun hierem Leadsänger Al GINTER.

«GINTA FIESTA ORCHESTA»

Dee selwechten Owend garantéieren och dëst Joër nees de Käpt’n Ändä, säi Matrous K1000 feat. Sandy & the Hüettes allerbescht Fuesstëmmung!

Dernieft wäerten d’PARTY CHAMP’S, dee fantasteschen Entertainment-Duo Jeannot CONTER a Rol GIRRES, mat Witz a Partystëmmung all Fuesgéck ameséieren.

Den Entréespräis fir Fuesfreideg läit bei nëmmen 8 €, a fir Fuessamschdeg bei 8 € am Virverkaf an 12 € an der Oweskeess. Ticket’en kritt der am Kulturbüro vun der Stad Déifferdeng an op der Internetsäit www.e-ticket.lu.

Tombola um Entreesbilljee

Um Entreesbilljee ass eng zolitt Gratistombola mat Haaptpräis enger Flugrees op München.

Parking & Diffbus

Parkméiglechkeeten ginn et ronderëm den Zentrum vun Déifferdeng, dat um Parking du Contournement an um Parking Hall La Chiers. Op der Autobunn A13 – Sortie 3 weise Schëlder de Wee fir op déi richteg Plaz ze kommen.

Während deenen 2 Owender fueren och déi 3 Linnen vum DIFFBUS gratis bis 3:30 Auer Moies!

«Mini Clochard’s-Bal»
Fuessonndeg den 10. Februar 2013

Dëst Joër ass déi 4. Editioun vum «Mini CLOCHARD’S-BAL», Fuessonndeg, den 10. Februar tëscht 15:00 an 18:00 am Festzelt op der Moartplaz.

Fir nëmmen 2,50 € ka Grouss a Kleng sech formidabel ameséieren. Dëst Joër gin ons Kanner animéiert vum FRUTZEL a verzaubert ginn ons Butze vum PAPA CHICO. Dernieft ginn et vill flott Präisser ze gewannen.

Weider Detailer fannt dir op www.megafuesend.lu oder beim Kulturbüro vun der Stad Déifferdeng (5 rue du Parc Gerlache, L-4574 Differdange) oder per Tel. 58 77 1 – 1900, culturel@differdange.lu.