Gewënner Tombola Megafuesend 2015

N°0819 – 2 Tickets (Aller-Retour) op Kopenhagen
N°0515 – Abonnement Fitness 6 Méint beim Aquasud
N°0576 – VIP-Dag am Aquasud
N°0926 – Bong fir en Iessen am Restaurant Art’Monie
N°0549 – 10 Entrées Wellness/Piscine am Aquasud
N°1227 – Abonnement am Kulturzentrum Aalt Stadhaus
N°0052 – Abonnement am Kulturzentrum Aalt Stadhaus
N°0091 – Abonnement am Kulturzentrum Aalt Stadhaus
N°1166 – Abonnement am Kulturzentrum Aalt Stadhaus
N°0011 – 10 Entrées Piscine am Aquasud

D’Gewënner sollen sech beim Service Culturel vun der Stad Déifferdeng mellen.

Centre culturel régional Aalt Stadhaus; 38 avenue Charlotte; L-4530 Differdange  Tél. 58771-1900

 

Mir deelen mat datt d’Oktoberfest-Band Münchner G’schichten krankheetshalber den Owend net kann op der O’Zapft Is Oktober-Fuesparty optrieden. Se ginn ersat duerch eng aner Band aus München « 7Promille ». De Rescht vum Programm bleift onverännert.

Radiospot Megafuesend 2015

D’Stad Déifferdeng, an Zesummenaarbecht mat senger „Commission des Festivités“ a véier lokale Veräiner, organiséiert déi 8. Editioun vum Fuesweekend MEGAFUESEND

zu Déifferdeng“ dat vu Freides, 13. Februar bis Sonndes, den 15. Februar am Zentrum vun Déifferdeng.

FUESPARTY, Freides den 13. Februar 2015

Fuesfreideg, den 13. Februar geet et lass mat der „O’ZAPFT IS OKTOBERFEST-FUESPARTY“ am grousse Festzelt op der Moartplaz zu Déifferdeng. Déi original Oktoberfest-Band MÜNCHNER G’SCHICHTEN 7Promille wärt fir déi richteg Wies’n-Ambiance suergen. Dirnd’l a Lederhos’n sinn ugesot den Owend.

Dernieft wäerten d’Kleng Trei Sei, fir gudd Stëmmung suergen.

CLOCHARD’S-BAL, Samschdes den 14. Februar 2015

Fuessamschdeg feiere mer op en Neits dee grousse CLOCHARD’S-BAL am Déifferdenger Zentrum, mëttlerweil ee vun den beléifsten a gréisste Fuesbaler am Süde vu Lëtzebuerg.

Et spillt dee professionnelle, 15 Musiker staarke GINTA FIESTA ORCHESTA. Eng Auswiel vun deene beschte lëtzebuerger Museker ënnert der Leedung vun hierem Leadsänger Al GINTER.

Dee selwechten Owend garantéieren och dëst Joër nees de Käpt’n Ändä & Matrous K1000 feat. the Hüettes allerbescht Fuesstëmmung !

Dernieft wäerten de Jeannot CONTERRol GIRRES, dee fantasteschen Entertainment-Duo, mat Witz a Partystëmmung all Fuesgeck ameséieren.

Spezialaktioun fir Valentinsdag: Déi 75 éischt verkleete Koppelen kréien eng gratis Coupe an eng Rous.

Tickets

Den Entréespräis an der Oweskeess läit fir Fuesfreideg a fir Fuessamschdeg bei 15€. En Ticket am Virverkaf kascht jeweils 10€.

Ticket’en mat Gratistombola ginn et am Kulturbüro vun der Stad Déifferdeng an opwww.e-ticket.lu.

Transport

Parkméiglechkeeten ginn et ronderëm den Zentrum vun Déifferdeng, dat um „Parking du Contournement“ an um „Parking Hall La Chiers“.

Samschdes fueren och déi 3 Linnen vum DIFFBUS gratis bis 3:30 Auer Moies!

« Mini CLOCHARD’S-BAL » Fuessonndeg den 15. Februar 2015

Dëst Joër ass déi 6. Editioun vum « Mini CLOCHARD’S-BAL », Fuessonndeg, den 15. Februar tëscht 15:00 an 18:00 am Festzelt op der Moartplaz.

Fir 5€ ka Grouss a Kleng sech formidabel ameséieren. Dëst Joër ginn ons Kanner animéiert vum FRUTZEL. Dernieft ginn et vill flott Präisser ze gewannen an all Kand kritt gratis eng Konfettistut.

 

Laisser un commentaire