2014

Gewënner Tombola Megafuesend 2014

N°1275 – Akaafsbong fir 125€
N° 373 – Akaafsbong fir 100€
N°750 – Akaafsbong fir 75€
N°526 – Akaafsbong fir 50€
N°1120 – Akaafsbong fir 25€
N°147 – Akaafsbong fir 25€
N°938 – Akaafsbong fir 25€
N°67 – Akaafsbong fir 25€
N°268 – Akaafsbong fir 25€
N°44 – Akaafsbong fir 25€

D’Gewënner sinn ofzehuelen am Service Culturel vun der Stad Déifferdeng.
38, avenue Charlotte L-4530 Differdange Tél.: 58 77 1-1900

 

D’Stad Déifferdeng, an Zesummenaarbecht mat sengem Comité des Fêtes a véier lokale Veräiner, organiséiert déi 7. Editioun vum Fuesweekend „MEGAFUESEND zu Déifferdeng“ dat vu Freides, 28. Februar bis Sonndes, den 2. Mäerz am Zentrum vun Déifferdeng.

Fuesfreideg, 28. Februar 2014

Fuesfreideg, den 28. Februar geet et lass mat der O’ZAPFT IS „OKTOBERFEST-FUESPARTY“ am grousse Festzelt op der Moartplaz zu Déifferdeng. Déi original Oktoberfest-Band MÜNCHNER G’SCHICHTEN wäert fir déi richteg Wies’n-Ambiance suergen. Dirnd’l a Lederhos’n sinn ugesoot deen Owend.

Fuessamschden, 1. Mäerz 2014

Fuessamschdeg feiere mer op en Neits dee grousse CLOCHARD’S-BAL am Déifferdenger Zentrum, mëttlerweil ee vun den beléifsten a gréisste Fuesbaler am Süde vu Lëtzebuerg. Et spillt dee professionnelle, 15 Musiker staarke GINTA FIESTA ORCHESTA. Eng Auswiel vun deene beschte lëtzebuerger Museker ënnert der Leedung vun hierem Leadsänger Al GINTER.

Dee selwechten Owend garantéieren och dëst Joër nees de „Käpt’n Ändä & Matrous K1000 feat. Sandy & the Hüettes“ allerbescht Fuesstëmmung !

Dernieft wäerten d’PARTY CHAMP’S, dee fantasteschen Entertainment-Duo Jeannot CONTERRol GIRRES, mat Witz a Partystëmmung all Fuesgeck ameséieren.

Tickets

Den Entréespräis an der Oweskees läit bei nëmmen 10€ fir Fuesfreideg a fir Fuessamschdeg bei 12€. En Ticket am Virverkaf kascht jeweils 8€.

Ticket’en mat Gratistombola ginn et am Kulturbüro vun der Stad Déifferdeng an opwww.e-ticket.lu.

Transport

Parkméiglechkeeten ginn et ronderëm den Zentrum vun Déifferdeng, dat um Parking du Contournement an um Parking Hall La Chiers. Op der Autobunn A13 – Sortie 3 weise Schëlder de Wee fir op déi richteg Plaz ze kommen.

Während deenen 2 Owender fueren och déi 3 Linnen vum DIFFBUS gratis bis 3:30 Auer Moies!

Fuessonndeg, 2. Mäerz 2014

De „Mini CLOCHARD’S-BAL“ ass Fuessonndeg, den 2. Mäerz tëscht 15:00 an 18:00 Auer am Festzelt. Fir nëmmen 3€ ka Grouss a Kleng sech formidabel ameséieren. Dëst Joër ginn ons Kanner animéiert vum „FRUTZEL“ a verzaubert ginn ons Butze vum „PAPA CHICO“. Dernieft ginn et vill flott Präisser ze gewannen.

 

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *