Malle Alaaf!

De Startschoss vun der „RTL-Megafuesend“ ass Freides, de 1. Mäerz ab 19 Auer mat eise bekannten DJen Hoffi-Zambezi an direkt am Uschloss schon um 20.30 Auer de Lorenz Büffel. Mat enger super Besetzung geet et virun, nieft dem Ikke Hüftgold kommen nach bekannten Artisten wéi d’Isi Glück, Axel Fischer, Honk an Tobee.

Dësen Event ass e „Must“ fir all Après-Ski a Malle Geck!!!

Praktesch Informatiounen

Den Entréespräis an der Oweskeess fir de Malle Alaaf läit bei 15 Euro. En Ticket am Virverkaf kascht 10 Euro. Ticketen mat Gratistombola ginn et am Kulturzentrum Aalt Stadhaus an op www.luxembourg-ticket.lu

En plus steet den ëffentlechen Transport (Gare vun Déifferdeng ass op 200 m), dee mam Ticket vun der „RTL-Megafuesend“ gratis ass, zur Verfügung. Och déi 4 Linnen vum Diffbus fuere Freides a Samschdes bis 3 Auer Mueres. Parkméiglechkeete ginn et um Parking des Hauts-Fourneaux.

Clochard’s-Bal

Um Fuessamschdeg gëtt dee grousse Clochard’s-Bal ab 21 Auer am Déifferdenger Zentrum gefeiert. En ass mëttlerweil ee vun de beléiftsten a gréisste Fuesbaler am Süde vu Lëtzebuerg. Fir allerbeschte Fuesstëmmung suergen dëst Joër ganz nei de bekannten Orchester Noisemakers zesummen mat eiser traditionneler Besetzung dem Käpt’n Ändä & Matrous K1000 feat. the Hüettes.

Dernieft wäerten de Jeannot Conter a Rol Girres, dee fantasteschen Entertainment-Duo, mat Witz a Partystëmmung all Fuesgeck ameséieren.

Praktesch Informatiounen

Den Entréespräis an der Oweskeess fir de Malle Alaaf läit bei 15 Euro. En Ticket am Virverkaf kascht 10 Euro. Ticketen mat Gratistombola ginn et am Kulturzentrum Aalt Stadhaus an op www.luxembourg-ticket.lu

En plus steet den ëffentlechen Transport (Gare vun Déifferdeng ass op 200 m), dee mam Ticket vun der „RTL-Megafuesend“ gratis ass, zur Verfügung. Och déi 4 Linnen vum Diffbus fuere Freides a Samschdes bis 3 Auer Mueres. Parkméiglechkeete ginn et um Parking des Hauts-Fourneaux.

Mini Clochard’s-Bal

Dëst Joer ass déi 9. Editioun vum „Mini Clochard’s-Bal“, Fuessonndeg, de 3. Mäerz tëscht 15 Auer an 18 Auer am Festzelt um Parking Contournement am Zentrum vun Déifferdeng. Fir 5 Euro ka Grouss a Kleng sech formidabel ameséieren.

Dernieft ginn et vill flott Präisser ze gewannen.