MEGAFUESEND
ZU DÉIFFERDENG

Clochard’s-Bal

Um Fuessamschdeg gëtt dee grousse Clochardsbal gefeiert. En ass mëttlerweil ee vun de beléiftste Fuesbaler am Süde vu Lëtzebuerg. Dëst Joer suergen de Käpt’n Ändä & Matrous K1000 feat. the Hüettes leider fir déi leschte Kéier fir mega Stëmmung zu Déifferdeng.

Mat vun der Ekipp si wéi ëmmer och de Jeannot Conter an de Rol Girres.

Fir dat Ganzt mat allerbeschter Fuesmusik a Stëmmung ze komplettéieren ass dëst Joer den DJ Christian du Coin mat vun der Partie!

Dëst Joer ass Déifferdeng Centre de Promesses vum Télévie 2023, an och hei wäert en Deel vum Erléis gespent ginn.

Praktesch Informatiounen

Hall O zu Déifferdeng/Uewerkuer, beim Centre Sportif Oberkorn, avenue du Parc des Sports, L-4671 Differdange

Den Entréespräis an der Oweskeess fir de Clochard’s-Bal läit bei 15 Euro. En Ticket am Virverkaf kascht 10 Euro. Ticketen mat Gratistombola ginn et am Kulturzentrum Aalt Stadhaus an op www.luxembourg-ticket.lu

Nieft dem Hall O ass e grousse Parking (Aquasud) an d’Gare vun Uewerkuer ass op 300m. Den DiffBus fiert bis 3h30 an der Nuecht.

Publikatioun Tombola: Freides, den 3. Mäerz 2023 op www.differdange.lu an hei op der Säit.

Mini Clochard’s-Bal

Dëst Joer ass déi 11. Editioun vum Mini-Clochardsbal. Fir 5 Euro kënne Grouss a Kleng sech formidabel ameséieren. Hei suergen den DJ Hofmeister an d’Animateure vum Jugendtreff fir Amusement an Animatioun.